Evènement

Fueskniet 2019

Date de création
-
Catégorie
Waldbredimus/Veräinsbau
Téléphone

Léif Frënn vun der Trëntenger Musek,

 

Samschdes, den 9. Februar 2019 bake mir, esou wéi déi lescht Joren, Fueskniet aus Hiefdeeg.

 

Vun 8:30 bis 12:00 Auer kennt Dir zu Waldbriedemes am Veräinsbau Fueskichelcher kafen, oder Är Bestellung do ofhuelen.

Hei kritt Dir och gären eng Taass Kaffi servéiert. Op Wonsch liwwere mir Iech d ‘Fuesent a de Gemengen Bous a Waldbriedemes och gären heem. Präis fir 500g: 9€

 

!! Opgepasst: Begrenzte Quantitéit !!

 

Dofir reservéiert elo är Fuesent w.e.g. :

per Tél.: 621 141 657 (F. Hoss) oder per Mail: musek@trentengermusek.org

 

Fir weider Info:  Flyer Fueskniet 2019