Actualité

Informatiounsversammlungen Policereform

​Versammlunge mat der Populatioun zum Thema Policereform

 

De Reformprojet iwwer d’Police trëtt den 1. August dëst Joer a Kraaft. Verschidde Saachen, net nëmmen d’Approche vun der Police, änneren: mir gi vu 6 op 4 Policeregiounen, mir schaffen anescht um Niveau vun de Kommissariater, mir proposéieren nei modern elektronesch Outilen, d’Police kritt nei Kompetenze fir besser kënnen ze hëllefen a mir ginn nei Weeër am Kampf géint d’Kriminalitéit.

WAT GËTT ET NEIES AN ÄRER REGIOUN?
Mir informéieren Iech a sti Ried an Äntwert, a Präsenz vum Vizepremierminister a Minister fir bannenzeg Sécherheet Étienne Schneider an der Staatssekretärin fir bannenzeg Sécherheet Francine Closener.

Dir fannt d'Informatiounen zu den Versammlungen hei: Informatiounsversammlungen Policereform