Actualité

Brochure Naturaktivitéiten

Brochure Naturaktivitéiten

Dës Broschür ass eng Initiativ vun der Biologescher Statioun vum SIAS an der Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung a gëtt am Kader vun engem LEADER Projet publizéiert.

Wéi all Joer ginn eng ganz Rei vu flotten Aktivitéiten, Wanderungen a Coursen, an eiser Regioun ugebuede. Dëst Joer erschéngt fir d’éischte Kéier eng Broschür an där des Aktivitéite gruppéiert an an engem praktesche Format zesummegestallt sinn. D’ Aktivitéite gi vu verschiddenen Acteuren aus der Regioun ugebueden, déi jeeweileg Kontaktpersoun fir Umeldungen a Froen ass dann och fir all Aktivitéit uginn. Hei gitt dir och de genauen Treffpunkt fir d’Aktivitéit gewuer. Mir hoffen, dass dir motivéiert sidd eis Regioun mat eis zesummen ze entdecken an d’Natur  hautno ze erliewen.

Brochure Naturaktivitéiten